DUCHSCHER, André: Franz Pinell : Drama a' fenf Akten (Bd. 18)
search
  • DUCHSCHER, André: Franz Pinell : Drama a' fenf Akten (Bd. 18)

DUCHSCHER, André: Franz Pinell : Drama a' fenf Akten (Bd. 18)

15,00 €
TTC

André Duchscher
Franz Pinell
Drama a’ fenf Akten
Ed. vum Claude D. Conter
Centre national de littérature 2012
Lëtzebuergesch/Deutsch
237 Säiten
ISBN: 978-2-919903-97-9

Quantité

Dem André Duchscher (1840-1911) säin Theaterstéck Franz Pinell, dat 1899 als Buch erauskoum, erzielt vun de proletareschen Onrouen an zwou Fabricken Enn vum 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg. Et spillt an enger Zäit, an där d’sozial Fro politesch debattéiert gëtt an d’ganz Gesellschaft betrëfft. An esou diskutéieren an agéiere Fabricksbesëtzer, Deputéiert, Actionnairen, Dokteren, Wiertsleit, Serveuren, Aarbechter, Mammen a Kanner am Stéck. D’Aarbechter gi fir d’éischte Kéier an der Lëtzebuerger Literatur differenzéiert duergestallt: de Verféierer, deen d’Rhetorik vun der politescher Propaganda auswenneg kennt, de qualifizéierten Aarbechter, den Handwierker, dee säi Betrib huet missen opginn an deen an den neie Fabricken net eens gëtt, den einfachen Aarbechter oder deen, dee seng Famill net méi ernäre kann. De Franz Pinell erzielt d’Sozialgeschicht vun der Aarbecht ëm 1900.

En däitschsproochege Kommentar vum Claude D. Conter beschreift den André Duchscher als Schlässer, Fabricksbesëtzer, Buergermeeschter an als Auteur vun Theaterstécker an Eechternoacher Sprooch. D’Sozialdrama Franz Pinell gëtt virgestallt als e Stéck, dat den Ufank vun der moderner Literatur zu Lëtzebuerg signaliséiert. Et gëtt analyséiert, wéi den André Duchscher d’Iddi vun der Revolutioun, vum Proletariat a vun der sozialer Fro versteet. Nieft engem Bléck op d’Entsteeungs- a Wierkungsgeschicht gëtt och diskutéiert, ob dat Stéck e Beispill fir e Lëtzebuerger Naturalismus ass.

32
436 Produits

Fiche technique

ISBN:
978-2-919903-97-9
Auteur:
DUCHSCHER, André
Editeur:
Centre national de littérature
Langue:
Luxembourgeois
Publié:
2012
Nombre de pages:
237
Commentaires (0)
Aucun avis n'a été publié pour le moment.