Iwwer Land
search
  • Iwwer Land
  • Iwwer Land
  • Iwwer Land
  • Iwwer Land
  • Iwwer Land
  • Iwwer Land
  • Iwwer Land
  • Iwwer Land

Iwwer Land

20,00 €
Bruttopreis

Dem Nico Helminger seng Erzielsammlung iwwer land (1998) als Audiobuch
Gelies vum Steve Karier
Als MP3-Dateien op CD-ROM a mat engem Download-Code fir ze downloaden

Menge

Nico Helminger

iwwer land

Audiobuch am MP3-Format / gelies vum Steve Karier

Eng Koproduktioun vum Centre national de l’audiovisuel (CNA) a vum Centre national de littérature (CNL)

iwwer land (1998) gehéiert zum Nico Helminger senge fréien Erzielwierker. Et ass eng Sammlung vun néng Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch, déi an den 1980er an 1990er Joren entstane sinn. An hirem Mëttelpunkt sti Mënschen, deenen hir individuell Entfriemung an hir dacks tragikomesch Liewenssituatiounen och Symptomer vun enger Gesellschaft sinn, déi um Enn vum 20. Joerhonnert an engem epochalen Ëmbroch war.

 »en ausflug op d’land, leit, déi no engem begriefnis op d’schueberfouer gin, een, dee mam éischte mee nët eens gët, een, deen op sénger rees uerg un d’schleidere kënnt, anerer, déi nuechtelaang op der sich sin, no wat och ëmmer ... Geschichten iwwer leit, déi ënnerwee sin an dach op der plaz trëppelen, leit, déi aus hirer haut wëllen a sech dobäi op déi drolegst manéiere verrennen ...«

(Klappentext vun iwwer land, 1998)

 »A wann et sou eppes soll ginn, wéi e ›kollektivt Ënnerbewosstsinn‹, dann ass et de Mérite vum Dr. Helminger, fir d’Grenzen tëschent nationaler Identitéit, Soziologie a Psychiatrie besonnesch brillant ënnersicht ze hunn.«

(Jean-Michel Treinen, d‘Lëtzebuerger Land, 1999)

Et liest de Steve Karier / Regie a Schnëtt: Martin Engler / Tounopnam: Philippe Mergen / Mastering: Christian Bader (Studio P4 Berlin)

Spilldauer: 4 Stonnen an 9 Minutten

200 Artikel

Technische Daten

ISBN:
978-2-919798-16-2
Auteur:
Nico Helminger
Editeur:
Centre national de l’audiovisuel & Centre national de littérature
Publié:
2023

Besondere Bestellnummern

isbn
978-2-919798-16-2
Kommentare (0)
Aktuell keine Kunden-Kommentare