GOERGEN, Max: D'Médche vu Götzen (Bd. 17)
search
  • GOERGEN, Max: D'Médche vu Götzen (Bd. 17)

GOERGEN, Max: D'Médche vu Götzen (Bd. 17)

15,00 €
Bruttopreis

Max Goergen
D’Médche vu Götzen
Vollékssteck a ve’er Akten a fönnef Déler
Ed. vum Pascal Seil
Centre national de littérature 2011
Lëtzebuergesch/Deutsch
169 Säiten
ISBN: 978-2-919903-25-2

Menge

Dem Max Goergen (1893-1978) säin Theaterstéck D’Médche vu Götzen, dat 1923 eng éischte Kéier a Buchform publizéiert gouf, handelt vum tragesche
Schicksal vum Baueremeedche Fini. D’Figur vum Fini ass liewensfrou a liichtfankeg gezeechent. Duerch hir provokativ Haltung vis-à-vis vun de Männer, kënnt déi jonk Fra a Konflikt mat de gesellschaftlechen Norme vum Duerf. Si geréit un dee falsche Mann a kënnt duerch eng ongewollt Schwangerschaft an eng existenziell Noutlag.

Gesangseinlage mam bekannte Lidd vum Meedche vu Götzen sinn an d’Stéck ageschafft, an den Handlungsoflaf leent sech un de Liddtext un. D’Theaterstéck beliicht d’Situatioun vun der Fra an der Enkt vum Lëtzebuerger Bauerenduerf, behandelt d’Fro vun der illegitimmer Schwangerschaft, a weist d’Grenzen op, déi dem Mënsch vu sengem Ëmfeld gesat ginn.

En däitschsproochege Kommentar vum Pascal Seil vermëttelt eng Vue iwwer dem Max Goergen säi Liewen a Schaffen, setzt d’Stéck a säin historeschen a literaturgeschichtleche Kontext an diskutéiert ënner anerem, wéi am Text zentral Iddie vu Moral a Sexualitéit, Autonomie an ënnerdréckter Weiblechkeet behandelt ginn. Donieft fannt Dir an dëser Editioun e Glossar vun deene manner geleefege Lëtzebuerger Ausdréck.

31
613 Artikel

Technische Daten

ISBN:
978-2-919903-25-2
Auteur:
GOERGEN, Max
Editeur:
Centre national de littérature
Langue:
Luxembourgeois
Publié:
2011
Nombre de pages:
169
Kommentare (0)
Aktuell keine Kunden-Kommentare