GONNER, Nicolas: Prairieblummen (Bd. 15)
search
  • GONNER, Nicolas: Prairieblummen (Bd. 15)

GONNER, Nicolas: Prairieblummen (Bd. 15)

15,00 €
Bruttopreis

Nicolas Gonner
Prairieblummen
Eng sammlonk fu lidder a gedichter an
onserer létzebûrgerdeitscher sprôch
Ed. vum Sandra Schmit
Centre national de littérature 2008
Lëtzebuergesch/Deutsch
292 Säiten
ISBN: 978-2-919903-10-8

Menge

1883 publizéiert den Zeitungsredakter Nicolas Gonner zu Dubuque am US-amerikanesche Staat Iowa e Band mat 62 Gedichter op Lëtzebuergesch. Dräi Dichter stellen heiran hiert Wierk fir: den Téitenger Jean-Baptiste Nau, dee kuerz Zäit zu Detroit gelieft huet an dunn erëm zeréck op Lëtzebuerg komm ass, den Nicolas Edouard Becker, dee fréi mat sengen Elteren an de Wisconsin ausgewandert ass an do als Farmer, Schoulmeeschter a Politiker gelieft huet, an den Nicolas Gonner selwer, deen sech virun allem mat sengem Standardwierk Die Luxemburger in der Neuen Welt en Numm gemaach huet.

D’Prairieblummen sinn, sou steet et am éischte Gedicht, e Geschenk un d’Frënn an der aler Heemecht. D’Gedichter beschreiwen den Alldag vun de Lëtzebuerger Siidler am Mëttlere Weste vun den USA, vum Bëschrueden aus de Pionéierdeeg bis zur Oktavpressessioun am Ohio, a si erziele Soen a Legenden, iwwer de Jang de Blannen esou gutt wéi iwwer den Indianerchief Schwaarze Bier.

Grad wéi am Original ass an dëser Neiausgab vun de Prairieblummen och en detailléierte Glossar vum Nicolas Gonner. En däitschsproochege Kommentar vum Sandra Schmit gëtt zousätzlech Informatiounen iwwer d’Liewe vun den dräi Dichter, verweist op ënnerschiddlech literaresch a kulturell Aflëss am Wierk, a bitt en Iwwerbléck iwwer eenzel europäesch Auswanderungsliteraturen am 19. Joerhonnert.

29
138 Artikel

Technische Daten

ISBN:
978-2-919903-10-8
Auteur:
GONNER, Nicolas
Editeur:
Centre national de littérature
Langue:
Luxembourgeois
Publié:
2008
Nombre de pages:
292
Kommentare (0)
Aktuell keine Kunden-Kommentare