COMES, Isidore: 7 Erzielongen (Bd.7)
search
  • COMES, Isidore: 7 Erzielongen (Bd.7)

COMES, Isidore: 7 Erzielongen (Bd.7)

10,00 €
Bruttopreis

Isi Comes
7 Erzielongen
Ed. vum Roger Muller
Centre national de littérature 1998
Lëtzebuergesch/Deutsch
335 Säiten

Menge

Déi siwen Erzielunge vum Iechternacher Professer Isi Comes (1875-1960), déi de Roger Muller auswielt a virstellt, dorënner sou bekannt Texter wéi Den neie Postmeeschter a Lex talionis, eng tragesch Geschicht aus dem 18. Joerhonnert zu Iechternach, sinn tëschent 1918 an 1945 entstan. Véier dovu kommen aus dem Nachlass vum Schrëftsteller, deen déi sproochwëssenschaftlech Sektioun vum Institut grand-ducal kaaft huet, a ginn hei déi éischte Kéier publizéiert. Dës Editioun soll hëllefen, dësen Auteur, deem seng Wierker scho laang vergraff sinn, besser kennen ze léieren.

D’Texter sinn e representative Choix aus dem Isi Comes sengem Wierk. Seng Contemporainen hunn zu Recht säi schéint Lëtzebuergescht gelueft. De Robert Bruch z.B. huet seng Bedeitung fir d’Literatur op Lëtzebuergesch esou beschriwwen: « Un professeur ... qui n’a pas eu peur de faire de notre parler le centre de toutes ses recherches et de toutes ses aspirations ».

21
993 Artikel

Technische Daten

Auteur:
COMES, Isidore
Editeur:
Centre national de littérature
Langue:
Luxembourgeois
Publié:
1998
Nombre de pages:
335
Kommentare (0)
Aktuell keine Kunden-Kommentare