D'Mumm Séis ass mat Sécherheet dat populärst vum Dicks, alias Edmond de la Fontaine (1823-1891), senge ville Stécker. Datt et heivun och eng däitschsproocheg Versioun gëtt, ass vu besonneschem Interessi.

Den Alain Atten stellt den Auteur a säi Wierk an den historesche Kontext a gëtt en Iwwerbléck iwwer de Geescht vun der Zäit, grad wi vum Theater, dee sech déi Zäit bei äis entwéckelt huet. E flotten textkriteschen Apparat an eng iwwersiichtlech Bibliographie bidden all Amateur denkbar gutt Informatiounen.
De Band ass illustréiert an huet 200 Säiten.
La Fontaine, Edmond de: Mumm Séis. Koméidéistéck. Mutter Suse. Lustspiel. Virgestallt vum Alain Atten. Lëtzebuerg: Centre d'études de la littérature luxembourgeoise, 1994.
Pour écouter la présentation de cette publication à la radio 100,7,
cliquez ici
Fiche technique