search

RODANGE, Michel: D'Léierchen (Bd.1)

10,00 €
TTC

D'Léierchen ass ee vun de schéinste poeteschen Texter vum Michel Rodange (1827-1876) a féiert äis an d'Welt vum Lëtzebuerger Bauer an der Zäit ëm 1860-1870.

Quantité

D'Léierchen ass ee vun de schéinste poeteschen Texter vum Michel Rodange (1827-1876) a féiert äis an d'Welt vum Lëtzebuerger Bauer an der Zäit ëm 1860-1870.
Op seng gewinnte magistral Manéier kommentéiert den Alain Atten dëst Wierk, analyséiert déi verschidde Manuskript-Faassungen, erklärt komplizéiert Begrëffer an Zesummenhäng an dokumentéiert d'Situatioun vum Lëtzebuerger Akerbau am 19. Joërhonnert. Eng Duerstellung vum Rodange sengem Liewen a sengem Wierk an eng ausféierlech Bibliographie maachen dëse Band zu engem literaresche Genoss an zu engem wëssenschaftleche Referenzwierk.

De Band ass illustréiert an huet 207 Säiten.

Rodange, Michel: D'Léierchen. Gedicht. Virgestallt vum Alain Atten. Lëtzebuerg: Éditions du Centre d'études de la littérature luxembourgeoise, 1990.

Pour écouter la présentation de cette publication à la radio 100,7,
cliquez ici

15
311 Produits

Fiche technique

Hauteur:
18 cm
Auteur:
RODANGE, Michel
Editeur:
Centre national de littérature
Langue:
Luxembourgeois
Publié:
1990
Nombre de pages:
207