• Nouveau
Discours sur le théâtre 06
search
  • Discours sur le théâtre 06

Discours sur le théâtre 06

5,00 €
TTC

Hannert de Masken. Krazen, bis et wéideet.

Jemp Schuster

Quantité

De Jemp Schuster schreift, inzenéiert a spillt Erwuessenen- a Kannertheater esouwéi Kabarett zënter den 1980er Joren an trëtt zënter 2020 och als Romanauteur ervir. Säin Engagement fir den Theater huet en als Präsident vun der Theaterfederatioun 2001 bis 2008 och op institutionellem Plang ënner Bewäis gestallt. Mat senge Stécker, déi net seelen intertextuell Bezich enthalen, huet de Jemp Schuster déi räich Traditioun vum Lëtzebuerger Duerftheater, zumools a Form vu Fräiliichtopféierungen, erfollegräich an d’21. Joerhonnert bruecht.

 

Hannert de Masken. Krazen, bis et wéideet ass e kondenséierte Réckbléck op véier Dekaden Theateraarbecht, bei deem sou Froen am Fokus stinn ewéi: Wat, wéi, firwat a fir wie spillen ech? A wat ass dat iwwerhaapt fir eng Aarbecht, där duerch d’Bezeechnung ›Spill‹ de Stempel vum effortlosen Hobby opgedréckt gëtt? Op der Sich no Äntwerte fäert de Verfaasser, wéi schonns den Titel ze verstoe gëtt, net, deen een oder aneren Tabu ze briechen.

99 Produits

Fiche technique

ISBN:
978-2-919798-28-5
Auteur:
Jemp Schuster
Editeur:
Centre national de littérature
Langue:
Luxembourgeois
Publié:
2024
Nombre de pages:
66

Vous aimerez aussi

Commentaires (0)
Aucun avis n'a été publié pour le moment.