Pir Kremer – ZesummegePIKtes
search
  • Pir Kremer – ZesummegePIKtes
  • Pir Kremer – ZesummegePIKtes
  • Pir Kremer – ZesummegePIKtes
  • Pir Kremer – ZesummegePIKtes

Pir Kremer – ZesummegePIKtes

25,00 €
Bruttopreis

Pir Kremer. ZesummegePIKtes
Fir dem Auteur säin 100. Gebuertsdag –
e Réckbléck op Liewen a Wierk
Ed. vum Pascal Seil
Centre national de littérature 2019
Lëtzebuergesch
143 Säiten
ISBN: 978-2-919903-76-4

Menge

Fir dem Auteur säin 100. Gebuertsdag beliicht dës Publikatioun zur Ausstellung Pir Kremer - ZesummegePIKtes d’Liewen an d’Wierk vun deem Auteur, deem seng Stëmm wuel wéi keng aner d’Lëtzebuerger Radio- a Sproochelandschaft gepräägt huet. De Band proposéiert e Réckbléck op dem Auteur säi Liewen, op seng villfälteg Theaterproduktiounen (Revuen, Lidder, Sketcher), seng Radios- an Televisiounsemissiounen (Um Staminet, Lauschterstécker a Radiosrevuen) an op säi Schafen als Satiriker. E bitt doriwwer eraus eng originell Vue op manner bekannte Facettë vun der Perséinlechkeet Pir Kremer, wéi z. B. seng Aktivitéit als Publicitéitstexter fir bekannte Lëtzebuerger an international Marken a seng Zesummenaarbecht mat verschiddene Plackelabelen.

Dës Publikatioun erméiglecht domat en Abléck a bis ewell nach ni gewisen Dokumenter, léisst dem Pir Kremer seng Frënn a Coauteuren zu Wuert kommen a vermëttelt unhand vu Biller, Stëmmen an Texter déi besonnesch Atmosphär vum Phänomeen Pir Kremer.

Beim Buch läit eng CD dobäi, déi de Centre national de l’audiovisuel produzéiert huet. Ze héiere sinn Originalbäiträg a Lidder an nei Vertoununge vum Georges Urwald.

473 Artikel

Technische Daten

ISBN:
978-2-919903-76-4
Auteur:
Pascal Seil
Editeur:
Centre national de littérature
Publié:
2019
Nombre de pages:
144

Besondere Bestellnummern

isbn
978-2-919903-76-4
Kommentare (0)
Aktuell keine Kunden-Kommentare