De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
search
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
  • De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck

De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck

25,00 €
TTC

De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck retracéiert d’Geschicht vun der bekanntester BD zu Lëtzebuerg.

Quantité

Erausgi vun

Claude D. Conter, Claude Kremer & Anouk Stephano

Mat Bäiträg vun Jean-Jacques Arrensdorff, Paul Braconnier, Claude D. Conter, Lucien Czuga, Steve Hoegener, Claude Kremer, Benoît Majerus, Jean-Marie Reding, Robert Soisson, Yves Steichen, Anouk Stephano

 Mat neien Zeechnunge vun

Marc Angel, Andy Genen, Sabrina Kaufmann, Pascale Velleine, Pit Wagner

De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck retracéiert d’Geschicht vun der bekanntester BD zu Lëtzebuerg. Wéi ass et zu der Zesummenaarbecht tëschent dem Zeenarist Lucien Czuga an dem Zeechner Roger Leiner komm? Wéi vill Lëtzebuerg stécht a Luxusbuerg? A wéi bréngt de Superjhemp et fäerdeg, mat Kachkéis d’Dynastie ze retten a Luxusbuerg zu engem vun de sécherste Länner vun der Welt ze maachen? Besicht Luxusbuerg mat sengem pittoreske Patrimoine, sengen ominéise Banken a senge potzpuddelplakege Fraen. Poznennö!

Fir déi alleréischte Kéier huet eng Allianz aus Comiczeechner, Frënn a Wëssenschaftler eng Expeditioun an de Superjhemp-Univers gewot an onverëffentlecht Dokumenter, nei Zeechnungen an onerwaarten Erkenntnisser mat zeréckbruecht. Eng Erliefnisrees duerch dräi Joerzéngte fir déi agefleeschte Fans vun der éischter Stonn a fir déi, déi just de Retörn vum Superjhemp kennen

Mir wëlle fir déi éischte Kéier en Abléck an de Fong L-400 ginn, deen d’Famill vum Roger Leiner no sengem Doud dem Literaturarchiv uvertraut huet. Well an den 265 Archivkëschten Dausende vun Zeechnungen, Illustratiounen, Dokumenter, administrativen Ënnerlagen, Bréiwer, Fotoen oder perséinleche Géigestänn leien, wäert de Conservateur Claude Kremer wuel bis zu senger Pensioun dorunner schaffen. Aus dem risege Fong weise mir just e ganz klengen Ausschnëtt, virun allem déi original Planchë vun de Superjhemp-Alben, déi et engem undinn, wann een d’Chance huet, hir liichtend Faarwen ze bewonneren. Mir weisen och Zeenarien, Skizzen a Skripter vum Lucien Czuga, deen am Laf vun der Ausstellungsvirbereedung seng kënschtleresch Wierker dem Literaturarchiv ze versuerge gouf.

Mir wëllen Iech net nëmmen alueden, an ons Archive luussen ze kommen, mee Iech och un d’Geschicht vun der Bande dessinée zu Lëtzebuerg eruféieren. Wéi koum et dozou, datt d’bd an d’Lëtzebuerger Sprooch an den 1980er Joren zesummefonnt hunn a firwat ass 1988 e Meilesteen an der Comicentwécklung? Obschonns wuel an all Stot e Superjhemp ze fannen ass, ass et méi wéi iwwerraschend ze constatéieren, datt bis haut net vill iwwert de Luxusbuerger Bierger geschriwwe gouf. Et kënnt engem vir, wéi wann d’Popularitéit am grousse Public konträr zu der kritescher Rezeptioun géif stoen: Wou bis Ufanks den 1990er Joren an der Press nach fundéiert Ausernanersetzungen a Bespriechungen ze liese woren, sinn d’Albe spéider nach just ugekënnegt ginn. Et ass also un der Zäit, e méi geneeë Bléck op en Deel vun der Zesummenaarbecht tëschent dem Zeenarist Lucien Czuga an dem Zeechner Roger Leiner ze geheien an esou, fir déi éischte Kéier, Iwwerleeungen iwwert de Superjhemp zesummenzedroen an eng Partie Facettë vun deem Wierk virzestellen an ze analyséieren. Mir wëllen eenzel Aspekter verdéiwen, déi fir d’Verständnis vum Superjhemp zentral sinn, a mir sinn ons bewosst, datt et nach aner Froen un d’Wierk vum Lucien Czuga a Roger Leiner gëtt. Dofir wënsche mir ons, datt dëst Buch aner Chercheuren zu enger weiderer Beschäftegung incitéiert.

716 Produits

Fiche technique

ISBN:
978-2-919903-74-0
Auteur:
Claude D. Conter, Claude Kremer & Anouk Stephano
Editeur:
De Verlaach & Centre national de littértature
Publié:
2019
Commentaires (0)
Aucun avis n'a été publié pour le moment.