SPROOCHGESELLSCHAFTEN ZU LËTZEBUERG (1845-1940)
search
  • SPROOCHGESELLSCHAFTEN ZU LËTZEBUERG (1845-1940)

25,00 €
TTC

Claude Kremer

Quantité

An deene bal 200 Joer, an deenen sech zu Lëtzebuerg Gedanken iwwert d’Lëtzebuergescht gemaach gëtt, huet sech de Bléck op d’Sprooch méi ewéi eng Kéier verännert. Si ass haut am Kader vun der Méisproochegkeet an enger Situatioun, an där nach virun net allze laanger Zäit kaum een se gesinn hätt. Datt se sech iwwerhaapt vun engem geschwatenen Dialekt zu enger geschriwwener Sprooch entwéckelt huet, ass och de Verdéngscht vun deenen, déi sech iwwert d’Joerzéngter hir Erfuerschung agesat hunn.

 D’Lëtzebuergescht huet laang Zäit implizit zu der Gesellschaft gehéiert, an dëst Selbstverstëndnis ass eréischt mat gesellschaftleche Verännerungen a Fro gestallt ginn. D’Sproochgesellschaften hunn dëse Verännerungen zum Deel virgegraff a si hunn sech explizit mat der Roll vun der Sprooch ausernaner gesat, éier d’Gesellschaft als Ganzt sech däers bewosst gouf. Och wann d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen e Projet vun enger Elite war, huet all Versuch, Afloss op d’Sprooch ze huelen, ëmmer missen am Austausch mat deenen anere Spriecher geschéien.

Grad an Zäiten, an deenen e gréissert Bewosstsinn fir d’Sprooch entsteet, ass et wichteg, sech mat hirer Geschicht ausernaner ze setzen an sech d’Fro ze stellen, wou déi Iwwerzeegungen hierkommen, déi haut selbstverständlech erschéngen. Dëst Buch soll en Ausgangspunkt sinn, fir déi éischten 100 Joer vun der organiséierter Beschäftegung mat der Lëtzebuerger Sprooch besser ze verstoen. Dofir gi fënnef Gesellschaften a Veräiner, déi sech tëschent 1845 an 1940 zu Lëtzebuerg all op hir eege Manéier mat der Sprooch beschäftegt hunn, ënnert d’Lupp geholl an an den historesche Kontext vun hirer Zäit gesat. D’Geschicht vum Institut Grand-ducal, vun Ons Heémecht, vun der Letzeburger Nationalunio’n, vun der Société linguistique a vun d’Hémechtssprôch gëtt dobäi och mat Hëllef vun Archivmaterial verzielt, dat zum Deel nach ni virdru verëffentlecht gouf.

180
86 Produits

Fiche technique

ISBN:
978-2-919903-73-3
Auteur:
Claude Kremer
Editeur:
Centre national de littérature
Langue:
Luxembourgeois
Nombre de pages:
208
Commentaires (0)
Aucun avis n'a été publié pour le moment.